Gedicht / über / Zwangsarbeit / Rußland / K.M. / mart

Um Beiträge zu verfassen, müssen Sie sich kostenlos registrieren bzw. einloggen.

muellerkarl14@ googlemail.com
schrieb am 11.02.2009, 23:59 Uhr (am 01.04.2009, 10:32 Uhr vom Moderator geändert).
Weinacht in Russland

Wenn die stille heilige Nacht,
auf der Erd sich niedersenkt,
euer liebes Kind in Russland
sehnsuchtsvoll an alle denkt.

Möchte heute so gerne
bei euch in der Heimat sein,
doch ich weil in Russland
weit von euch allein.

Wenn euch stumm die Kerzen
am heiliegen Abend Grüßen
werden wir im dunkeln Schacht
schwer arbeiten Müssen.

Wir laden Kohlen in Waggon
wenn ihr hört von Gottessohn...

Sara Binder-Schenker,Bodendorf.
reuter_jerome
schrieb am 12.02.2009, 01:51 Uhr (am 12.02.2009, 01:56 Uhr geändert).
Daat Gedicht passt gutt zu mengem, gouf geschriwen vum WEIS Wellem (Wilhelm), 1894-1964 aus Clausen, Geeschtlech, fir d'lescht Prisongspaschtouer. Hien war en letzebuerger Schrëftsteller an huet Wierker op däitsch an lëtzebuergesch verfaasst.

Loosse mer un all dei denken, dei an de Kricher hiert d'Liewen gelooss hun, an gelidden hun.

Dräianzwanzeg Lëtzebuerger Jongen (Hinzert, Februar 1944)

Em d'Brake facht e steiwe Wand.
Duurch Muerg a Schank brecht de Frascht.
De Preiss huet Numm fir Numm genannt.
A vrun him, Mann fir Mann, do stongen:
Dräianzwanzeg Lëtzebuerger Jongen.

Si fueren an der Dag, dee grot;
Si sëtze Knei u Knei gedreckt.
De Preiss war haart. Et gouf keng Gnod.
De Wand huet iwwer d'Brooch gesongen:
Dräianzwanzeg Lëtzebuerger Jongen.

D'Gewan läit roueg op der Bor,
An d'Kuebe jäizen deif am Bësch.
Eng Stënnchen nach, dann as et klor.
Dann as bluttrout hiirt Häerz gesprongen:
Dräianzwanzeg Lëtzebuerger Jongen.

Vill Rouse fierwe waarm de Schnei.
Op Heicht an Dällte gouf et hell,
An d'Sonn, eng feireg Wonnerblei,
Liicht allen dei duurch d'Däischtert gongen:
Dräianzwanzeg Lëtzebuerger Jongen.

Um Beiträge zu verfassen, müssen Sie sich kostenlos registrieren bzw. einloggen.