Letzebuerg

Um Beiträge zu verfassen, müssen Sie sich kostenlos registrieren bzw. einloggen.

reuter_jerome
schrieb am 08.02.2009, 20:22 Uhr
Moien, ech schreiwen op letzebuergesch, an ech hoffen dir verstidd mech :-)
Ech fannen et faszinant, dass nach an engem aaneren Deel vun Europa, letzebuergesch geschwaat gett, och wann dir et als sächsesch nennt, am Fong geholl, ass et dei selwecht Sprooch, well den Ursprong vum sächseschen, hei aus der Groussregioun hierkennt.
Ech sin gebiertegen Letzebuerger, an wou ech virun baal zwee Joer heieren hun, dass nach an engem aaneren Deel vun der Äerd letzebuergesch geschwaat gett, huet mech daat iwerrascht an daat huet mech natierlech interesseiert. Waat wor den Grond? Natierlech d'Kulturjoer 2007 hei an der Groussregioun, awer och zu Sibiu (Hermannstadt). Hei an den Medien gouf vill dovunn geschwaat an geschriwen, zumools dass Letzebuerg geif vill an Sibiu investeieren (z.B. Mathellef vun der Aalstaadrestauratioun an mat der Renovatioun vum Luxemburghaus). Ech hun och puer Reportagen gekuckt, vun Siebenbürgen, an ech muss soen, wow!! Waat fir eng wonnerschein Geigend, mat ganz vill aalen Dierfer, Buergen, baal wei am Mettelalter. Wann ech mer d'Biller kucken, vun ärer Geigend, fällt mer op, dass dir iech nach vill asetzt, fir d'Erhaalen vun der aaler Bausubstanz, waat hei zu Letzebuerg leider net mei selbstverständlech ass. Ech hoffen, dass mei Leit, sech fir d'Erhaalen vum siwebürgechen an hiren Traditiounen asetzen, an dass et zu enger aanerer Denkweis kennt, och fir d'Jugend. Et ass een steck wertvoll Kultur, waat verluer geet, an waat muss erhaalen gin an waat nie därf verluer gin. Ech weess wouvun ech schwätzen, mir kämpfen hei och mat enger ähnlecher Problematik, waat eis Sprooch ugeet. Leider ass et sou, dass d'Geld d'Welt regeiert, an dass meeschtens d'Wirtschaft virun der Kultur steet. Ech hoffen, dass rem dei Leit, dei ausgewandert sin, an denen leschten Joeren, rem lues a lues bei Iech zreckkommen, fir dass Siwebuergen an hier Identiteit nach weider 800 Joer bestoen wärten. Mat frendleche Greiss aus Letzebuerg un all Siwebierger!
der Ijel
schrieb am 09.02.2009, 11:37 Uhr
rem lues a lues = wieder langsam und langsam
bei Iech zreckkommen = zu Euch zurückkommen
fir dass Siwebuergen = damit Siebenbürgen
an hier Identiteit = und Euere Identität
nach weider 800 Joer bestoen wärten = noch weitere 800 Jahre bestehen möge-

Moien Jerome, a merci fir det Komplment an ålle siweberjer Sachsen.
Mochen mer doch en klibbes "Reisebureau" za Letzebuerg uf
angder dem Motto:
Kut kë Siweberjen, hälft es um Karudder scherjen.

Um Beiträge zu verfassen, müssen Sie sich kostenlos registrieren bzw. einloggen.